Aller au contenu principal

Eu Talk

EU-Talk: Vakanz 2020?

De Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament invitéiert Iech op den EU-Talk iwwert d'Auswierkunge vun der Corona-Pandemie op den Tourismus den Donneschdeg, 11. Juni 2020, 11.30 - 12.30 Auer.

Eis Invitéë sinn de Minister fir Tourismus Lex Delles, d'Europadeputéiert Marc Angel an Tilly Metz, de Fernand Heinisch vun der ULAV (Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages) an de François Koepp vun der HORESCA (Fédération Nationale des Hôteliers, Restaurateurs et Cafetiers).

Kann een dëse Summer iwwerhaapt an d'Vakanz fueren? A wa jo, wouhi wëllen d'Léit a wéi wäit kann ee plangen?  An Zäite vu Reesbeschränkungen an Ofsoe vu Groußveranstaltunge steet den Tourismussecteur virun ausseruerdentlechen Erausfuerderungen an enorme Verdéngschtausfäll. Dës Branche, déi méi wéi 10% zum gesamte BIP vun der EU bäidréit, muss sech elo séier op nei Reegelen a Beschränkungen astelle kënnen an Offere proposéieren, déi am Moment ëmsetzbar sinn. Vun de Restauranten an Hotele bis zu de Reesagencen an Transportentreprisë si vill Betriber a Leit direkt betraff a brauchen Ënnerstëtzung.

Wéi dëst op nationalem an op EU-Niveau ëmgesat gëtt a wat prioritär fir dëst Thema sollt sinn, gëtt an dësem 8. EU-Talk beschwat.

D'Talkronn ass op Lëtzebuergesch.

Dir kënnt iwwer Zoom live un dëser Talkronn deelhuelen oder se op eisem Facebook-Kont
(@parlement.europeen.luxembourg) matverfollegen. Schreift Iech iwwert dëse Link mat Numm an E-Mail-Adress op Zoom a fir derbäi ze sinn an eise Gäscht Är Froen ze stellen:

S'inscrire

Nodeems der Iech ageschriwwen hutt, kritt der eng Bestätegung per Email mat engem Link fir um Talk deelzehuelen. 

Dir kënnt eis och elo schonn Är Froen am Viraus op  epluxembourg@ep.europa.eu  mam Objet 'EU-Talk' eramailen.

Mir freeën eis op Iech!